top of page

IWWERT EIS

Stock.webp
Eau de pétrole-13-2.jpg

LUCA TURCI

"Mäi ganzt Liewen huet sech em d'Automobilbranche gedréint. Meng Studien am International Business Management an Automotive Management hu mech gutt op d'Erausfuerderung virbereet. D'Erfarungen déi ech beim Automobile Club Lëtzebuerg, bei Mercedes-Benz Classic a bei Ferrari gemaach hunn, hunn dëst nach verstäerkt. Fir en Iwwerbléck iwwert dat ganzt ze hunn, hunn ech och Oweskueren an der Mechanik beluet."

Eau de pétrole-15.jpg

CONSTANT MÜLLESCH

"Säit menger fréister Kandheet war mein Draam Mecanicien ze ginn, doraus ass emmerhin en Hobby ginn. Ech hunn bal mäi ganzt Liewen an der Oldtimerbranche verbruet, wouduerch ech vill Bekanntschaften a Frëndschaften uechter d'ganz Welt gemaach hunn.

D'Autoen aus de 60er a 70er Joren interesséiere mech am meeschten."

Eau de pétrole-16.jpg

LUC MÜLLESCH

"D'Leidenschaft fir d'Autoen gouf mir vun mengem Papp verierft. Meng Kandheetserënnerungen un d'Ausflich mat Oldtimer si mir bis haut nach gutt an Erënnerung. Den Bachelorstudiegang am Business Administration huet zum Master am Entrepreneurship an Innovation gefouert, béid waren eng gutt Grondlag fir de Start vum Betrib."

Eau de pétrole-17.jpg

MARCO TURCI

"Alles huet virun 30 Joer ugefaangen, wou ech zu Gedenken u mäi Papp de selwechten Auto kaf hunn, deen hien hat wi wou ech jonk war. D'Mechanik huet mech nach ëmmer interesséiert an huet mech dozou gedriwwen, verschidden Autoen vun deier Aart ze restauréieren. Doropshin hunn ech och Oweskueren an der Mechanik beluet. Meng Lieblingsepoch sinn d'Autoen aus de 50er a 60er Joren."

bottom of page