SERVICER
UMELDUNG
Hutt Dir keng Zäit Iech em déi administrativ Prozeduren, bei den zoustännegen Administratiounen ze këmmeren? Mir kënnen Äert Liewen vereinfachen an dës Schrëtt an Ärer Plaz ausféieren.
Mir stellen Iech e kompletten Dossier zesummen, fir den Status
"Véhicule Historique".
CONTROLE TECHNIQUE
Mir kënnen fir Iech di technesch Inspektioun vun Ärem Oldtimer iwwerhuelen. Och kënne mir e Pre-Check fir Äert Gefier organiséieren, vun eiser Partner-Garage, fir eventuell Feeler ze korrigéieren, datt Ären Auto ouni gréisser Problemer duerchkënnt.
GARDIENNAGE
Mir bidden Iech eisen Service un, fir Ären Auto op enger gesécherter Platz zu Lëtzebuerg ofzestellen.
Des Hal ass mat enger Alarmanlag, Iwwerwaachungskameraen an Feiermelder ausgestatt.
D'Team vun Eau de Pétrole wäert sech mat gréisster Suergfalt em Ären Oldtimer këmmeren.
HOCHZÄITEN
Wann Dir de beschten Dag vun Ärem Liewen an engem schéinen Oldtimer transportéiert wëllt ginn, oder wann Dir e schéinen alen Auto fir Är Souvenirsfotoen wëllt benotzen, hu mir eng Flott vu schéine Gefierer aus alen Zäiten zur Verfügung.
TRANSPORT
Mir kënnen Ären Auto weltwäit mat Hëllef vun eise Partner transportéieren. Egal ob et ëm en Transport bannent oder ausserhalb vun der EU geet, fir eis ginn et keng Grenzen.
Mir kënnen Iech och bei den Import- an Exportdokumenter hëllefen.
DEPOT VENTE
Eise Service Depôt-Vente këmmert sech ëm de Verkaf vun Ärem Oldtimer. Mat ville Joren Aktivitéiten am Automobilsecteur wiisst den Reseau vun Eau de Pétrole Dag fir Dag an erlaabt eis e potenzielle Keefer fir ären Oldtimer ze fannen.
GESTION DE FLOTTE
Mir kënnen Iech e Sorglos-Pak mat allem bidden, sou datt Dir Ären Auto voll genéisse kënnt. Och wann et ëm eng Sammlung geet, suerge mir dofir, datt d'Autoen ëmmer ugemellt, gutt ënnerhalen, den technesche Kontroll valabel ass an d'Dokumenter um neiste Stand sinn.
RALLYE
Mir organiséieren all Joer kleng Rallyen a Sortien, sidd dobäi bei eiser nächster Ausfaart. Wann Dir eng personaliséiert Sortie mat Äre Frënn a Famill wëllt organiséieren, kënne mir dat och fir Iech maachen.
EXPERTISE
Loosst Ären Auto vun engem zougeloossenen Expert schätzen, ënner anerem fir d'Bewäertung fir d'Versécherungen oder d'Expertise fir de Status als "Véhicule historique".